Schüler vun der T3MA1 waren den 27ten März op visite bei der Cargolux am Hangar zu Sandweiler.
Mat groussem Interessi konnten sie eng flott organiséiert visite duerch den Hangar an déi eenzel Shopen vun der Maintenance verfollegen. Vum A- bis C-Check gett alles vun der Maintenance un den Fligeren gemaach. Vill an nëtzlech Informationen iwwert d'Ausbildung vun dem Fligermécanicien kruten Schüler erklärt.
Insgesamt gehéieren 27 Boeing 747-400F zu der Flott vun der Cargolux.