D’Examen op den Ofschlossklasse sinn eriwwer a fir all déi, déi sech nach keng Gedanken iwwert d’Zukunft gemaach hunn, gëtt et Zäit fir eng Decisioun.

An enger grousser Serie mat 7 Video-Reportagen op RTL Télé Lëtzebuerg hu mir de BTS, also de Brevets de Technicien Supérieur, beliicht. Hei déi eenzel Aspekter mat de passende Video-Reportagen. Den Ofschloss huet e Samschdeg den Owend de BTS Services gemaach.

BTS: Wat ass dat iwwerhaapt?

Nieft Aarbecht, Uni oder Héichschoul am Ausland gëtt et hei am Land och d’Méiglechkeet e BTS ze maachen. BTS steet fir Brevet de Technicien Supérieur. Dat heescht, et ass e Studium, fir deen e Lycéesofschloss néideg ass, a bei deem ee während zwee Joer direkt op d’Beruffswelt preparéiert gëtt. Am Grand-Duché kann een tëscht iwwer 20 BTSen wielen, déi sech a 6 verschiddenen Domainer ëremfannen. Insgesamt 10 Etablissementer zu Lëtzebuerg bidde BTSen un. All eenzelne BTS ass un déi Schoul gebonnen, déi d’Iddi ausgeschafft huet. E BTS-Studium gëtt vun engem internationale Comité accreditéiert an da vum Edukatiounsministère autoriséiert. De Programm vun engem BTS gëtt op Basis vun der Demande vum Marché opgestallt.

VIDEO: Serie BTS: Wat ass dat iwwerhaapt?
D’Examen op den Ofschlossklasse sinn eriwwer a fir all déi, di sech nach keng Gedanken iwwert d’Zukunft gemaach hunn, gëtt et Zäit fir eng Decisioun.

Zënter 2009 steet de BTS am Gesetz an e funktionnéiert mat 120 sougenanntenen ECTS-Punkten, nom Bologna-Prozess, wat eng europawäit Harmoniséierung vun de Studiegäng an -Ofschlëss ass. BTSe si relativ praktesch orientéiert an och ëmmer mat Stagen a Betriber verbonnen.

BTS: Services

Wee sech nom Lycée fir eng Ausbildung interesséiert an der Informatik, dem Bau, der Gestioun vun engem Gebai oder allem, wat mat Energieeffizienz ze dinn huet, dee ka sech fir e BTS an der Kategorie "Services" aschreiwen. Am Moment gëtt et 6 verschidde Breveten an deem Domaine. Alles theoretesch a praktesch Formatiounen a verschiddene Lycéeën, déi awer och mat Stagen a Betriber verbonne sinn.

VIDEO: Serie BTS: Services
Wie sech nom Lycée fir eng Ausbildung an der Informatik, dem Bau, der Gebai-Gestioun oder der Energieeffizienz interesséiert, kann tëscht 6 Brevete wielen.

Am Lycée Josy Barthel zu Mamer gouf eréischt d'lescht Joer de BTS Professions immobilières lancéiert. Eng Formatioun, déi op de Beruff vum Promoteur, dem Agent immoblier an op de Beräich Administration des biens et des syndics preparéiert.

Den Dikrecher Lycée ass deen eenzege Classique, deen e BTS ubitt. Beim BTS Media Writing léieren eng 15 Studenten, sou wéi den Numm et och seet, fir d'Medien ze schreiwen, allerdéngs op ganz verschidde Manéieren.

Am Lycée technique zu Ettelbréck ass et méiglech, sech fir de BTS Gestion d'entreprises et Développement durable anzeschreiwen. Hei gëtt sech op 5 Domainer konzentréiert: Nohaltegkeetskonzepter, Kommunikatioun, Gestioun, Marketing an Droit national et européen.

An der Stad am Arts et métiers ginn et iwwerdeems nach 2 BTSen, déi zu de Sciences de l'ingénieur, also dem technesche Beräich gehéieren: BTS Génie technique a BTS Génie automatique. Et gëtt versicht, déi Ausbildunge ganz polyvalent ze halen, fir dass de Studenten um Aarbechtsmarché méiglechst vill Dieren opstinn.

Schlussendlech kann een am Arts et métiers och nach op e Brevet an der Informatik hischaffen. Während dëser BTS-Ausbildung léiert een alles, wat mat Reseauen, Internet, Computerprogrammer oder nach Serveren ze dinn huet.

BTS: Industrie

Déi iwwer 20 Brevets de Technicien Supérieur, déi et am Grand-Duché ginn, sinn a 6 verschiddenen Domänen erëmzefannen. Eng vun de Kategorien ass d'Industrie, zu där awer ganz ënnerschiddlech ausgeriicht BTSe gehéieren. Dës Studiegäng sinn och net un eng eenzeg Schoul gebonnen, mee et si 4 Lycéeën am Land, déi jee eng BTS-Formatioun an dësem Beräich ubidden.

Ugefaange mam Lycée Technique du Centre, wou zënter 2016 all Schoulrentrée eng hallef Dose Leit kënnen ugeholl ginn, fir an der Chimie analytique ausgebilt ze ginn.

VIDEO: Serie BTS: Industrie - 4 Lycéeë bidde jee ee BTS un
D’Examen op den Ofschlossklasse sinn eriwwer a fir all déi, déi sech nach keng Gedanken iwwert d’Zukunft gemaach hunn, gëtt et Zäit fir eng Decisioun.

Et wier vu Virdeel, wann een eng Première B oder C gemaach hätt, respektiv déi fréier Technique SA, GE oder SN. Bei méi wéi 6 Kandidaten, wat déi maximal Unzuel u Studente fir dëse BTS ass, gëtt en Opnamconcours gemaach.

Ier d'Studente prett sinn, fir an engem Labo oder soss enger Plaz, wou Kontrolle gemaach ginn, fest ze schaffen, maache si um Enn vun der Ausbildung nach e Stage vun 10 Wochen.

E weidere BTS, dat am Telekommunikatiounsberäich gëtt am Lycéee technique vun Esch ugebueden. Zënter 2011 kënnen hei all Joer 12 nei Studente forméiert ginn. Zu de Course gehéieren nieft Sproochen a Mathe och Satellitten- an digital Funktechnik an d'Studente musse Stagë maachen. Dat ass fir de BTS Bâtiments et infrastructures am Lycée Josy Barthel zu Mamer net anescht. Hei sinn zwee Stagen à 6 Woche virgesinn, een am Héichbau an een am Déifbau.

D'BBI Studente gi ganz individuell während hiren zwee Joer Ausbildung betreit, ma et gëtt och am Team geschafft. Dee 4. BTS deen zum Industrie Secteur gehéiert, ass dee vum Dessinateur-constructeur sur métal. E Bac plus 2, deen am Lycée technique zu Bouneweg ugebuede gëtt an deen och op e Beruff am Bausecteur preparéiert.

BTS: Artisanat

Am Kader vun eiser Serie iwwert de "Brevet de technicien supérieur" zitt et eis dës Kéier an d’Éislek. Am Nordlycée zu Wolz kann een sech zanter 4 Joer fir de BTS an der Holztechnologie aschreiwen. Wärend dëser Ausbildung geet et souwuel ëm Holzmiwwelen, d’Daachkonstruktioun, Charpenten a komplett Holzhaiser, sou wéi se hautdesdaags gebaut ginn.

VIDEO: Serie BTS: Artisanat
Zu de ronn 660 Schoulstonne pro Semester gehéiere fir d’BTS Holz Studenten och 2 Stage vun 120 Stonne beim Patron.

Am Kader vun der Zesummenaarbecht tëscht dem Nordlycée an der Schräinerfederatioun an anerersäits der Federatioun vun de Charpentieren an Holzconstructeuren ass d’Iddi entstanen, fir Techniker am Beräich vum Holz auszebilden.

RTL

© RTL Archiv

Zu de ronn 660 Schoulstonne pro Semester gehéiere fir d’BTS Holz Studenten och 2 Stage vun 120 Stonne beim Patron. Speziell beim BTS Holztechnologie ass, dass 11 Proffen aus dem Gebai enseignéieren an dernieft 12 extern Experten aus Partner-Betriber an de Lycée komme fir d’Studenten z’encadréieren.

De Brevet erméiglecht et de Studenten herno am Betrib ze plangen, Kalkulatiounen ze maachen, tëscht Patron an Aarbechter ze vermëttelen, e Betrib z’optimiséieren an e souguer z’iwwerhuelen. 12 Leit kënne pro Joer am BTS Holz ausgebilt ginn. Schonn elo ginn et Ufroe vu Betriber fir Studenten aus dem éischte BTS Joergang. Nom Ofschloss hunn déi Jonk also d’Méiglechkeet direkt schaffen oder mat Hëllef vun den ECTS Punkte weider studéieren ze goen.

BTS: Arts Appliqués

An den nächsten Deeg gi mer méi am Detail op déi verschidde BTS-Studiegäng hei am Land an. Ugefaang mam Lycée des Arts et Métiers an der Stad, wou et den Ament 6 BTSen ginn. 3 dovunner gehéieren zum Beräich vun der applizéierter Konscht.

Zënter 2001 kann ee sech am Arts et Métiers fir de BTS Réalisateur graphique aschreiwen, dee virdru BTS Opérateur prépresse geheescht huet. Hei kënne pro Joer 12 Studenten ausbilt ginn, fir duerno am Beräich vun der traditioneller oder digitaler Publikatioun ze schaffen.

VIDEO: Serie BTS: Arts Appliqués
D’Examen op den Ofschlossklasse sinn eriwwer a fir all déi, di sech nach keng Gedanken iwwert d’Zukunft gemaach hunn, gëtt et Zäit fir eng Decisioun.

Leit mat dëser Formatioun solle vill um Aarbechtsmarché gefrot sinn. Deemno géif et de Studenten och net schwéier falen, eng Stageplaz a spéiderhin eng fest Aarbecht ze fannen.

De Lycée huet Kontakter zu iwwer 300 Betriber hei am Land, déi am Secteur schaffen. Am direkte Kontakt mat Leit vum Terrain sti se och beim BTS Cinéma et audiovisuel. Engem extrem praktesch orientéierter Studium, bei deem d’Studenten déi ënnerschiddlech Beruffer, déi mat Film ze dinn hunn, kenneléieren. Zu der Ausbildung gehéiert och e Stage an enger Entreprise au Choix an als Ofschlossaarbecht e Kuerzfilm respektiv eng Radiophonie déi an der Schoul produzéiert ginn.

RTL

Well nëmme 12 Kandidate beim BTS Cinéma et audiovisuel kënnen ugeholl ginn, gëtt en Opnamexamen verlaangt, dernieft spillt awer och d’Motivatioun eng wichteg Roll. Déi dierf beim Dessin d’animation natierlech och net feelen, dem drëtte BTS am Domaine vun den Arts appliqués. Dee gëtt et schonn zanter 25 Joer a preparéiert pro Joer ronn 30 Studenten op déi verschidde Beruffer, déi mat der Produktioun vun engem Animatiounsfilm ze dinn hunn. Vun der Schoulrentrée 2018 u kann een am Arts et métiers och e Bachelor an der Animatioun maachen.

BTS: Commerce

Virun 28 Joer goufen am ECG déi éischt BTS-Studenten hei am Land ausgebilt. Zënterhier ginn an der Ecole de Commerce et de Gestion um Geesseknäppchen all Joer iwwer 100 Leit op d’Beruffswelt virbereet.

Déi 3 Commerce-Formatiounen, déi een am ECG nom Premièresdiplom kann ugoen, sinn de BTS Assistant de direction, dee vum Gestionnaire comptable et fiscal an de BTS Gestionnaire en commerce et marketing.

Zënter Joren maachen d’BTS-Studenten ronn en Drëttel vun der Gesamtpopulatioun am ECG aus. Tëscht 200 an 250 Jonker sëtzen op den 10 Klassen, d‘éischt an d’zweet Joer BTS zesummegezielt. De BTS ass also gefrot, vu Schüler an awer och vum Aarbechtsmarché.

VIDEO: Serie BTS: Formatiounen hunn am ECG eng laang Traditioun
Am ECG maachen d‘BTS-Studenten ronn een Drëttel vun de gesamter Schülerunzuel aus. BTS-Formatiounen hunn am Lycée schonn eng Traditioun vun 20 Joer.

D’Demande bei Jonke fir Assistant de direction ze léieren, ass nach net ganz grouss, obwuel vill där Aarbechtsplazen offréiert ginn. Besonnesch beléift sinn dogéint de BTS Gestionnaire comptable et fiscal an deen am Handel a Marketing. Heivir ginn et ëmmer méi Kandidaturen wéi Studiumsplaze fräi sinn. Ëm déi 50 Leit kënne pro BTS am ECG ugeholl ginn.

Bis virun zwee Joer waren am ECG d’Stageperioden vun 3 respektiv 7 Wochen nach op déi 4 BTS-Semestere verdeelt. An Tëschenzäit sinn d’Studenten déi 3 éischt Semesteren reng an der Schoul an de Kuren an dat ganzt 4. Semester am Stage an enger Entreprise.

D’Theorieskuren während dem BTS Studium sinn haaptsächlech op Franséisch. Se gi vu Proffen aus dem ECG an awer och vun externen Intervenanten aus dem Secteur gehalen. Bis Ugangs Juli ass et nach méiglech sech fir ee vun den 3 BTS Studiegäng am Beräich vum Commerce anzeschreiwen.

BTS: Santé

D’Natasja David huet schonn en Infirmiersdiplom vum LTPS an der Täsch an ass elo zanter engem Joer Studentin an der BTS Klass fir Psychiatrie. Virun allem de Kontakt mam Mënsch ass him wichteg.

An dofir eben d’Decisioun nach e BTS spécialisé ze maachen an dat weider zu Lëtzebuerg. Ëmmerhi wier d'Offer hei am Land do, en plus, ass virgesinn och zu Lëtzebuerg eng Plaz ze fannen.

D’Natasja ass eng vu wéinege Studentinnen, déi fir Infirmier psychiatrique léiert, obwuel dës Formatioun um Terrain gefrot ass.  Aner BTSen am LTPS sinn allerdéngs däitlech besser besat. Et ginn der méi wéi eng hallef Dosen an der Infirmièresschoul.

VIDEO: Serie BTS: Santé
D’BTSe sinn all mat enger Rei Stage verbonnen. Speziell ass, dass d’Enseignanten, déi an der Schoul Couren hale mat de Studenten op den Terrain ginn.

Op der éischter Plaz ass den Infirmier, bei deem een da 4 Spezialisatiounen drunhänke kann. Dëst wieren d'Pediatrie, d'Psychiatrie, d'Anästhesie an den OP-Infirmier.

Dernieft ginn et nach zwou komplett Formatiounen am LTPS. Dat heescht d’Hiewan an den Assistant technique médical en radiologie maache bannent 3 Joer eng BTS Ausbildung. Heivir ginn och ausser dem Lycées-Ofschlossdiplom keng aner Virkenntnesser gefuerdert.

Leit déi de BTS maachen, hunn de Virdeel, emol sécher eng Plaz ze fannen, doduerch sinn dës Ausbildungsplazen och esou vill gefrot.

D’BTSe sinn all mat enger Rei Stage verbonnen. Speziell ass, dass d’Enseignanten, déi an der Schoul Couren hale mat de Studenten op den Terrain gi fir se och do z’encadréieren. Iwwer 400 Studente kënnen op den 3 LTPS Sitten ausgebilt ginn. Fir de BTS Infirmier generell gëtt jidderee mat enger Première GSI ugeholl. Fir d’Spezialisatioune sinn d’Plaze limitéiert, woubäi bis dato ëmmer nëmme beim Infirmier en anesthésie et réanimatioun huet misse selektionéiert ginn. Fir déi aner spezialiséiert BTS-Studië ginn éischter Kandidate gesicht.